
RTL - Nogehaakt
Podcast von RTL Radio Lëtzebuerg
Nimm diesen Podcast mit

Mehr als 1 Million Hörer*innen
Du wirst Podimo lieben und damit bist du nicht allein
Mit 4,7 Sternen im App Store bewertet
Alle Folgen
6 Folgen
Am Luxembourg Science Center gëtt et Probleemer mat der Gouvernance De President vun der ASBL Luxembourg Science, Nicolas Didier, huet gläichzäiteg eng Privatfirma, déi quasi exklusiv fir de Luxembourg Science Center schafft. Den Educatiounsministère, deen de Luxembourg Science Center mat Subventioune finanzéiert, géing gären opraumen a fir kloer Verhältnisser suergen, mee den Nicolas Didier mécht dobäi net richteg mat.

Néng eeler Leit ginn enger jonker Fra 380 000 Euro. Fräiwëlleg oder net? Et kléngt wéi e Klischee: Eng jonk, attraktiv Fra léiert eeler Leit kennen, haaptsächlech Männer, deene si erzielt, si wier an enger Noutsituatioun. Déi Betraffe gleewen dat, a ginn hier Suen. Am Ganze geet et em 380 000 Euro. Am Prozess weist sech dann awer: An dësem Fall ass net alles schwaarz a wäiss. Ass d’Fra wierklech nëmmen hannert de Suen hier? Firwat hunn d’Leit hir déi Sue ginn? Goung et just em Matleed oder gouf et sexuell Erwaardungen? Gouf déi Ugekloten am Prozess wéinst hiren Originnen als Romnja diskriminéiert?

D'RTL-Journalistin Fanny Kinsch huet sech domat befaasst, wat geschitt wann an der Medezin eppes schif geet. Medezinesch Feeler, Feeldiagnosen, Aléas thérapeutiques oder Accidenter: et sinn d'Ausnamen, ma et gëtt Opklärungsbedarf. Am Podcast schwätze mer iwwert d'Hannergrënn vun der Recherche a Froen, déi nach op stinn.

Den Dr. Marc Hanrion ass ee vu 65 Lëtzebuerger déi sech gemellt hunn fir Astronaut bei der europäescher Weltraumagence ze ginn. De Bio-Statstiker schafft den Ament am Malawi. Mir hunn iwwer Skype mat him geschwat.

Den RTL-Journalist Pierre Jans war dräi Deeg zesumme mam Ausseminister Jean Asselborn an Ägypten a Jordanien. Wat huet de Lëtzebuerger Ausseminister an der Regioun gemaach a wat waren Andréck vun der Plaz. Den Invité am "Nogehaakt" war de Pierre Jans.