Méi wéi Sex

#7: Gudde Sex

30 min · 2. nov. 2018
episode #7: Gudde Sex cover

Beskrivelse

Wéieng Virstellungen ginn dovunner vermëttelt, wat gudden oder schlechte Sex ass? A wéivill ass un deene Saachen drun? D’Kelly an d’Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen.

Kommentarer

0

Vær den første til å kommentere

Registrer deg nå og bli medlem av Méi wéi Sex sitt community!

Prøv gratis

Prøv gratis i 14 dager

99 kr / Måned etter prøveperioden. · Avslutt når som helst.

  • Eksklusive podkaster
  • 20 timer lydbøker i måneden
  • Gratis podkaster

Alle episoder

215 Episoder

episode #193: Vu Wäit zu No an Ëmgedréint – Plënneren a Bezéiungen cover

#193: Vu Wäit zu No an Ëmgedréint – Plënneren a Bezéiungen

Bezéiungen a Plënneren si sou eng Saach: wann eng Persoun plënnert, kann dat gäre mol villes op de Kapp stellen. Dobäi kann et sech natierlech ëm zwee Szenarioen handlen: entweder gëtt eng Fernbezéiung zur Nobezéiung, oder eng Nobezéiung zur Fernbezéiung. De Joël huet aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung gemaach, an Robin huet mat senger leschter Plënneraktioun net nëmmen aus senger Nobezéiung eng Fernbezéiung gemaach, mee och aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung. An dëser Episod diskutéieren si, wéi een*t dës Plënnerdécisiounen zesummen oder alleng maache kann, wat dat mat enger Bezéiung maache kann a wéi een*t déi Transitioun eventuell manner schwéier mëcht. An der Rubrik erklärt den Elie, wat Figging ass a wéi een*t dat am beschten ugeet.

29. mai 202646 min
episode #192 Jo zum Jo-Soen – Sech verloben cover

#192 Jo zum Jo-Soen – Sech verloben

Op den éischte Bléck klengt et ganz einfach: Wien sech bestuede wëll, muss sech als éischt verloben. Dofir muss een*t een Antrag maachen. Am beschten ee grousse Geste, wou een*t dann um Enn op d'Knéie geet an um Enn vill Tréine fléissen. Muss dat alles sou sinn? A ginn et eigentlech gutt Grënn, sech ze bestueden, ausser manner Steiere bezuelen ze wëllen? Zum Gléck gëtt et eng Persoun am Méi wéi Sex-Team, déi eis aus eegener Erfarung erziele kann, wéi dat bei hir war. De Joël a Kelly schwätzen an dëser Episod iwwert Anträg, déi net ganz esou lafen, wéi een sech dat virgestallt hätt, iwwert Réng an natierlech iwwert ee grousse Kuch. An der Rubrik gi mir vum Kelly gewuer, wisou mir eise Pleséier an enger Bezéiung zentréiere sollten – een Thema, wat grad fir Koppelen, déi sech bestuede wëllen, wichteg ass Shownotes LA Times: 20 years of data on same-sex marriage [https://www.latimes.com/science/story/2024-05-30/what-20-years-of-data-tell-us-about-same-sex-marriage] Ëmfro zu de Grënn wisou Leit sech bestueden [https://www.pewresearch.org/wp-content/uploads/sites/20/2017/06/FT_17.06.23_samesexmarriage_whyMarry.png?resize=310,652] Vice: Why Queer Couples Don’t Marry as Young as Straights [https://www.vice.com/en/article/why-queer-couples-dont-marry-as-young-as-straights/] Vogue: Am I a Bad Queer for Getting Married? [https://www.vogue.com/article/am-i-a-bad-queer-for-getting-married]

15. mai 202650 min
episode #191: Vu neien Elteren a Neigebuerenen – Gebuerten cover

#191: Vu neien Elteren a Neigebuerenen – Gebuerten

Gebuerten si mat ville gesellschaftlechen a perséinlechen Erwaardunge verbonnen. Oft bedeiten se eng Mëschung vun dausende vu Gefiller, schéinen an deelweis awer och schlëmme Momenter. Eppes ass sécher: all Gebuert ass anescht an och wat duerno kënnt leeft fir keen Elteren a Beebee(n) Team selwecht. Des Woch schwätzt Ella mat senger Mam Monique iwwer hier villfälteg Gebuertserfarungen. Dobäi komme Birthplans, Gebuertstechniken, lëschteg Anekdoten a nach villes méi op den Dësch. Quellen an interessant Artikelen: Medizinische Informationen zur Peridural Anästhesie in der Geburtshilfe - CHL [https://maternite.chl.lu/sites/default/files/files/brochures/MEDIZINISCHE-INFORMATIONEN-ZUR-PERIDURALANASTHESIE-IN-DER-GEBURTSHILFE.pdf] Quality of maternal and newborn care around the time of childbirth in Luxembourg during the COVID- 19 pandemic - Maryse Arendt, Barbara Tasch, Francesca Conway, Aline Lecomte, Benedetta Covi, Ilaria Mariani, Emanuelle Pessa Valente, Marzia Lazzerini [https://obgyn.onlinelibrary.wiley.com/doi/pdfdirect/10.1002/ijgo.14473] Beyond autonomy: Care ethics for midwifery and the humanization of birth - Elizabeth Newnham, Mavis Kirkham [https://pubmed.ncbi.nlm.nih.gov/30638112/] Obstetric and gynaecological violence in the EU - Silvia Brunello, Magali Gay-Berthomieu, Beth Smiles, Eneidia Bardho, Clémence Schantz, Virginie Rozee [https://www.europarl.europa.eu/RegData/etudes/STUD/2024/761478/IPOL_STU(2024)761478_EN.pdf] Self-determination: an increasingly important aspect of childbirth - Isabell Spilker [https://www.luxtimes.lu/authors/32368102-isabell-spilker/] Hypnobirthing: Schmerzfreie Geburt unter Hypnose? [https://www.helios-gesundheit.de/magazin/news/02/hypnobirthing/]

1. mai 202639 min
episode Heated Rivalries — Sports Smut (Spicy Books #3) cover

Heated Rivalries — Sports Smut (Spicy Books #3)

Sports Smut huet et vun der Fankultur an de Mainstream gepackt! De Joël a Kelly hunn natierlech Heated Rivalry gekuckt, gelies an eng Meenung dozou. Ausserdeem froe mer eis: Firwat fanne Frae schwule Smut esou extrem gutt? Wat gëtt et sos nach fir Sports Smut? An wei klengt et wann d’Schauspiller vum Heated Rivalry Audioporn maachen? Quellen Bicher: - Game Changers Serie (Band 1-6) & “Time to Shine” vum Rachel Reid - “Pucking Around” vum Emily Rath - “Deep End” vum Ali Hazelwood - “Sweat” vum Jonah Yorke - “Cleat Cute” vum Meryl Wilsner Filmer: - Personal Best (1982) - Water Lilies (2007) - Challengers (2024) Artikelen: - “A Brief History of Slash Fiction. The horny girls who walked so Heated Rivalry could run. [https://www.vulture.com/article/slash-fiction-romance-boys-love.html]” vum Bethy Squires (am New York Magazine). - “Heated Rivalry and the erotics of equality Masculinity, care and love under late capitalism [https://shado-mag.com/articles/opinion/heated-rivalry-and-the-erotics-of-equality/]” vum Yalda Keshavarzi (am shado magazine). - “He's the voice of romantasy audiobooks' biggest heartthrobs. He's never been busier [https://www.npr.org/2026/03/30/nx-s1-5759214/romantasy-audiobooks-acotar-anthony-palmini]” vum Vanessa Romo (bei npr). Real-life lesbian heated rivalries: - Julie Chu & Caroline Ouellette [https://www.instagram.com/p/DTxg1BeDs73/?utm_source=ig_web_copy_link&igsh=NTc4MTIwNjQ2YQ%3D%3D] - Savolainen & Anna Kjellbin [https://en.as.com/other_sports/real-life-heated-rivalry-these-two-women-hockey-players-are-engaged-and-play-for-finland-and-sweden-f202602-n/] Weider Quellen, déi mer am Hannerkapp haten: - “What’s up with the Heated Rivalry houses? [https://www.youtube.com/watch?v=lmHKNRR6OEM]” vum Kendra Gaylord op Youtube - “Heated Rivalry x The Puritanical Eye with Hope Rehak [https://shows.acast.com/oh-witch-please/episodes/heated-rivalry-x-the-puritanical-eye-with-hope-rehak]” vum Material Girls Podcast

17. april 202658 min
episode #189: Bröööööscht – (K)ee Kierperdeel wéi all aneren? cover

#189: Bröööööscht – (K)ee Kierperdeel wéi all aneren?

Huet d’Thema vun dëser Woch bei dir en “hehe😏” oder eng änlech Reaktioun ausgeléist? Da bass du net eleng. Fir di meescht si Brëscht keen neutrale Kierperdeel an tatsächlech ginn se och gesellschaftlech net esou ugesinn. Firwat? Brëscht kënne leider eng éischter ongemittlech Affär sinn. Nieft Réckwéi suergen och erdréckend Schéinheetsidealer, ongewollte Sexualiséierung oder Geschlechternorme fir onschéi Gefiller. Wisou däerft Robin als Kand zum Beispill op emol net méi ouni T-shirt dobausse spillen? A wouhier koum dem Ella seng Iddi am 6. Schouljoer dass seng Broscht sech ab elo net méi fräi beweegen däerf? Dës a nach vill weider Froen diskutéiere Robin an Ella an dëser Episode.  An der Rubrik erkläert Elie wéi gutt Bezéiungen eis op laang Dauer frou a gesond halen.

3. april 202649 min