
Letz Talk
Podcast af Letz Talk
De beschte Podcast aus Lëtzebuerg fir kreativ- a businessorientéiert Leit.
Prøv gratis i 60 dage
99,00 kr. / måned efter prøveperiode.Ingen binding.
Alle episoder
25 episoder
Mir sinn erëm do an starten eis drëtt Pdcast-Saison! An dëser Episod geet et em 220 Milliounen Euro am Euromillion, d'Versteierung vun esou Lottogewënner an der neier Netflix Serie Squid Game. Doniewt, verrode mir iech och dat spannend Thema vun der nächster Episod.

Mir si bësse spït un, mee och mir sinn, genau wéi soss jiddereen hei am Land, frou, dass d'Terrassen endlech rem opginn! Wouriwwer net jiddereen frou ass, sinn d'Immobiliepräisser. Wéi, wou a wat, an dësem Podcast. Ahjo... e Skandal dierf natierlech och rem net feelen.

Et gëtt dës Kéier just een Thema, an dat ass d'Mini-Entreprise "PARTYDESCH". Ween stécht do dohannert? Wat maachen se? Wat ass hiert Zil? A wéi leeën se sech dobäi un? Nieft e puer Tipps vun eis gi dir och gewuer wéi eng Erfarungen si bis elo gemaach hunn, wat iwwerhaapt alles vun Engagement an Aufgaben an esou enger Mini-Entreprise stécht an (wéi de Bruce sou gäre seet) villes méi, gëtt et an dëser Episod.

Kann een enger Fra wierklech ënnert de Rack knipsen, ouni dass engem eppes geschitt? Dat gitt dir nëmmen hei am Podcast an am Code pénal gewuer!Instagram huet eng nei Funktioun. "Insta Live Rooms"An exklusiv bei eis, d'Äntwert op d'Fro vum Liewen: "Gëtt et e Liewen nom Doud?"Wat iech an der anerer Welt (wann et se da gëtt) erwaart an nach vill méi, an dëser Episod vu LetzTalk.

Är Chance ass do! LetzTalk sicht e Sponsor fir eng Dubai Vakanz. Dir sidd intresséiert (sou wéi warscheinlech 100 aner Entreprisen) a wëllt méi Informatiounen? Da schreift eis ënner letztalkpodcast@gmail.com Wa mir scho bei Vakanze sinn, den Eric war zu Montpellier an hätt sollten op Malta mee wéinst Corona hu bei deenen zwou Destinatiounen sou munch Saachen net geklappt. Déi lëtzebuergesch Netflix-Serie Capitani huet grousse Succès gefeiert a natierlech wëlle mir iech eis Meenung dozou net virenthalen. Wien nach net bei "Clubhouse" invitéiert ginn ass, dee misst sech vläicht mol Gedanke maachen. Alles zu der neier App an nach vill méi an der dëser Episod vu LetzTalk.
Prøv gratis i 60 dage
99,00 kr. / måned efter prøveperiode.Ingen binding.
Eksklusive podcasts
Uden reklamer
Gratis podcasts
Lydbøger
20 timer / måned