Méi wéi Sex
Et ass ee Saz, deen nawell dacks am Podcast fält: „Et ass just Sex!“ Mä wat menge mir eigentlech genee domadder, wa mir dat soen? D*e Robin an de Joël ginn där Fro op de Grond. Hir Diskussioun fänkt an hirer Jugend un, wou d'Gefill, een*eng „Nachzügler*in“ ze sinn, fir vill Drock gesuergt huet. Et geet weider iwwert Net-Monogamie bis hin zu Feststellung, datt Sex heiansdo eben dach net „net just“, mä éischter méi wéi Sex ass. An der Rubrik erkläert d'Ella eis, wat d'ILGA Rainbow Map ass a wisou de Ranking vu Lëtzebuerg sech an deene leschte Jore verschlechtert huet. Shownotes ILGA Rainbow Map [https://rainbowmap.ilga-europe.org/] ILGA Bericht iwwert d'Situatioun vun LGBTIQA-Mënschen zu Lëtzebuerg (Annual Review) [https://www.ilga-europe.org/files/uploads/2026/02/Annual-Review-2026-Luxembourg.pdf] Reaktioun vun Rosa Lëtzebuerg [https://www.rosa-letzebuerg.lu/de/blog/pressemitteilung-14/rainbow-index-2026-luxemburg-bleibt-auf-platz-10-27] Zur Transparenz: D'Ella schafft bei Rosa Lëtzebuerg, dat huet awer keen Afloss op den Inhalt vun der Rubrik.
216 jaksot
Kommentit
0Ole ensimmäinen kommentoija
Rekisteröidy nyt ja liity Méi wéi Sex-yhteisöön!