All About Your Money
Wat léiert een iwwer Suen, wann een op eemol selwer de Risiko dréit? A wat ass eigentlech richtege Luxus? An dëser Episod erzielt den Entrepreneur Ermin Kocan oppen, wéi sech säi Bléck op Suen am Laf vun de Jore verännert huet - vum Educateur zum Grënner mat Verantwortung fir eng eege Firma bis hin zum Investor. Mir schwätzen iwwer d’Lektiounen, déi d’Entrepreneuriat him iwwer Suen, Risiko, Konsum a finanziell Fräiheet bäibruecht huet. Den Ermin deelt perséinlech Erfarungen a schwätzt oppen iwwer Feeler an Aha-Momenter, déi säin Ëmgang mat Suen nohalteg verännert hunn. Dat erwaart iech an dëser Episod: * Éierlech an ongeschminkte Ablécker an d’Welt vum Entrepreneuriat * Wäertvoll Lektiounen iwwer Suen a Mindset, vun deenen och Salariéen, Jonker am Beruff oder Selbststänneger kënne profitéieren * En éischten Ustouss a Richtung finanziell Fräiheet - a firwat et dobäi manner ëm Talent wéi ëm Kloerheet geet Fir all déi, déi gespaant sinn, wat d’Entrepreneuriat eis iwwer Suen, Risiko, Verantwortung a richtege Luxus léiere kann.
4 episodios
Comentarios
0Sé la primera persona en comentar
¡Regístrate ahora y únete a la comunidad de All About Your Money!