Kultur
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Ole ensimmäinen kommentoija
Rekisteröidy nyt ja liity Kultur-yhteisöön!
Sitten 7,99 € / kuukausi · Peru milloin tahansa.
4331 jaksot
Impressioune vum Infinte Now Festival zu Berlin
De Sport an allen Eieren, mee wärend zu Lëtzebuerg jidferee Marathon gelaf ass, huet eise Korrespondent Max Tholl zu Berlin ee Konschtmarathon gemaach. 30 Stonnen non-stop Musek an engem fréiere Kraaftwierk - dat gouf et de Weekend zu Berlin. The Infinite Now ass een transmediale Festival fir experimentell Musek a Konscht, bei deem de Public sech waakreg an och schlofend op déi verschidden Artisten an Artistinnen aloosse soll.
79. Festival de Cannes: Een Tëschebilan "on the road"
Zu Cannes zielt all Minutt. Tëschent de Filmer, Interviewterminer an de Momenter, wou ee sech an de Presseberäich zeréckzitt, fir ze schreiwen, ze schneiden a versicht, nach lescht Ticketen fir deen een oder anere Screening ze kréien, ass et relativ schwiereg, zu Cannes Zäit ze fannen, fir zesummen iwwert dat, wat ee gesinn huet, ze diskutéieren. Dofir hu sech de Jeff Schinker an de Marc Trappendreher als éischt op enger Terrass bei der Gare zu Juan-les-Pins, wärend se op den Zuch fir op de Festival gewaart hunn, an duerno am TER iwwert hir éischt Highlights an Enttäuschungen ënnerhalen. Beschwat hu si “Sanguine”, “Sheep in the Box”, “Hope” an “Soudain”. Mir lauschteren hir Rezensioune mat enger Soundkuliss “on the road”.
Nei am Kino
Fragmenter vun enger Welt nom Ënnergang
Ënnert dem Titel "Chroniques d'un monde avant. Fragments classés" (Hydre Editions) liwwert den Enrico Lunghi eng Sammlung vu kuerzen Erzielungen, déi e ganz pessimistesche Bléck an d'Zukunft geheien. E klenge Fonken Hoffnung léisst hien trotz allem fir d'Mënschheet bestoen.
Ashgar Farhadi - "Histoires parallèles"
Den neien Drama vum Iraner Ashgar Farhadi, "Histoires parallèles", leeft an der offizieller Kompetitioun vum Festival vu Cannes. Zesumme mam Michel Delage huet d'VAaerija Berdi deFilm de leschte Samschdeg am Grousse Kino beschwat. Hei nach eng Kéier eis Diskussioun.
Kommentit
0Ole ensimmäinen kommentoija
Rekisteröidy nyt ja liity Kultur-yhteisöön!