Kultur
Zu Cannes zielt all Minutt. Tëschent de Filmer, Interviewterminer an de Momenter, wou ee sech an de Presseberäich zeréckzitt, fir ze schreiwen, ze schneiden a versicht, nach lescht Ticketen fir deen een oder anere Screening ze kréien, ass et relativ schwiereg, zu Cannes Zäit ze fannen, fir zesummen iwwert dat, wat ee gesinn huet, ze diskutéieren. Dofir hu sech de Jeff Schinker an de Marc Trappendreher als éischt op enger Terrass bei der Gare zu Juan-les-Pins, wärend se op den Zuch fir op de Festival gewaart hunn, an duerno am TER iwwert hir éischt Highlights an Enttäuschungen ënnerhalen. Beschwat hu si “Sanguine”, “Sheep in the Box”, “Hope” an “Soudain”. Mir lauschteren hir Rezensioune mat enger Soundkuliss “on the road”.
4331 jaksot
Kommentit
0Ole ensimmäinen kommentoija
Rekisteröidy nyt ja liity Kultur-yhteisöön!