Konferenzen

Konferenzen

Podkast av radio 100,7

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Theemen

Tidsbegrenset tilbud

3 Måneder for 9,00 kr

Deretter 99,00 kr / MånedAvslutt når som helst.

Kom i gang

Alle episoder

107 Episoder
episode "Frühling der Revolution ... artwork
"Frühling der Revolution ...

... Europa 1848/49 und der Kampf für eine neue Welt". Ee Virtrag a Gespréich mam Historiker Christopher Clark, dëst am Kader vum 20. Anniversaire vum Institut Pierre Werner, dem 175. Anniversaire vun der Chamber an der Ausstellung "1848 Revolutioun zu Lëtzebuerg" am Lëtzebuerger Nationalarchiv. De Virtrag stoung och am Zeechen vum Auteure-Forum “Das Blaue Sofa“ vu Bertelsmann, wou dem Auteur Christopher Clark säi rezent Buch mam selwechten Titel am Mëttelpunkt stoung. De Christopher Clark, 1960 zu Sydney gebuer, léiert als Professer fir modern europäesch Geschicht um St. Catharine's College zu Cambridge. D’Moderatioun hat de Samuel Hamen, hie schafft als Fräiberuffler a Literaturkritiker, ënner anerem fir den Deutschlandfunk, Zeit Online. Hie lieft zu Heidelberg an zu Dikrech. De Virtrag an d’Gespréich goufen den 29. September 2023 an der Abtei Neimënster opgeholl. Montage: Carlo Link D’Ausstellung "1848 Revolutioun zu Lëtzebuerg am Lëtzebuerger Nationalarchiv" ass verlängert bis de 24. Februar 2024.

10. des. 2023 - 55 min
episode Robert Schuman Lecture 2023, les mois de l'Europe zu Esch-Uelzecht artwork
Robert Schuman Lecture 2023, les mois de l'Europe zu Esch-Uelzecht

D'Uni Lëtzebuerg, de Centre for Contemporary and Digital History (C²DH), d'Robert Schuman Initiative for European Affairs vun der Uni Lëtzebuerg, de Lycée de Garçons Esch, den European Merit Foundation, den European Movement Luxembourg, d'Representatioun vun der Europäescher Kommissioun vum Europaparlament zu Lëtzebuerg, an de radio 100,7 als Mediepartner, haten zesummen fir déi drëtt Editioun vun "Les mois de l'Europe" zu Esch-Uelzecht agelueden. "L'Europe à l'heure des défis: réalités et perspectives", esou war den Discours mam Jean-Claude Juncker am Kader vun "2023 Robert Schuman, les mois de l'Europe" zu Esch-Uelzecht, iwwerschiwwen. Jean-Claude Juncker  © Uni Lëtzebuerg, Alexandre Germain De Jean-Claude Juncker ass zanter 2021 President vun der Académie de Droit Européen, vun 2014-2019 war hie President vun der Europäescher Kommissioun, vun 2004-2013 President vum Eurogroupe a vun 1995-2013 Premier Minister vu Lëtzebuerg. Eng Konferenz a franséischer Sprooch vum 7. Juli am Lycée de Garçons zu Esch, enregistréiert vun der Uni Lëtzebuerg / Montage: Carlo Link. Jean-Claude Juncker an de Moderator Daniel Codello, Gemeng Esch  © Uni Lëtzebuerg, Alexandre Germain Froen-Äntwerten (Publikum) Conclusiounen (Anne Calteux, Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg a Christoph Schroeder, Parlement européen au Luxembourg) Lauschtert eran

15. aug. 2023 - 55 min

episode "dat huet jo näischt mat mir ze dinn" ... artwork
"dat huet jo näischt mat mir ze dinn" ...

© Chantal Maquet Kolonialismus, Rassismus, Diskriminéierung ... An hirer neier Graphik-Novell ënnersicht d'Lëtzebuerger Kënschtlerin Chantal Maquet d'Verbindung vu Lëtzebuerg zum Kolonialismus an de strukturelle Rassismus, fir dëse Phenomeen a Fro ze stellen an ze bekämpfen. An de verschiddene Kapitele vun dësem Grafikroman benotzt d'Chantal Maquet hir Familljegeschicht fir Froen iwwer d'Lëtzebuerger kolonial Vergaangenheet, de Postkolonialismus a Rassismus am Allgemengen ze beäntweren. Fir Äntwerten op hir Froen ze fannen, hat Si Experte befrot: Régis Moes, Historiker a Curator am Musée national d'histoire et d'art Luxembourg (MNHA). Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg. Myriam Abaied an Antónia Ganeto vum IKL Intercultural Education Center. "Kolonialismus, Rassismus, Diskriminéierung - Dat huet jo näischt mat mir ze dinn", e Virtrag opgeholl de 4. Juni 2023 am CUBE 521 zu Maarnech. Enregistrement a Montage: Carlo Link Panorama "Wou stees du? aus der Ausstellung: "dat huet jo näischt mat mir ze dinn" vum Chantal Maquet an der Galerie Nei Liicht zu Diddeleng, 2021. © Mike Zenari Perséinlech Fro: Sinn ech rassistesch? D'Lëtzebuerger Kënschtlerin Chantal Maquet, Gewënnerin vum Prix Pierre Werner 2022, lieft a schafft zu Hamburg, si ass de Moment fir e Projet an der Kënschtlerresidenz, den Ermitage zu Klierf. D'Graphik-Novell vum Chantal Maquet, ass ze kréien an all gutt Bichergeschäft

23. juni 2023 - 0

23. juni 2023 - 1 h 0 min
Enkelt å finne frem nye favoritter og lett å navigere seg gjennom innholdet i appen

Liker at det er både Podcaster (godt utvalg) og lydbøker i samme app, pluss at man kan holde Podcaster og lydbøker atskilt i biblioteket.
Bra app. Oversiktlig og ryddig. MYE bra innhold⭐️⭐️⭐️

Tidsbegrenset tilbud

3 Måneder for 9,00 kr

Deretter 99,00 kr / MånedAvslutt når som helst.

Eksklusive podkaster

Uten reklame

Gratis podkaster

Lydbøker

20 timer i måneden

Kom i gang

Bare på Podimo

Populære lydbøker