
luxemburgués
Entretenimiento
Oferta limitada
Después 4,99 € / mesCancela cuando quieras.
Acerca de Keck!
Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn - oder besser gesot "Keck!", de Podcast, deen iech an ärem Liewe gefeelt huet. Fir Iessen a Gedrénks suerge mer net, soss gëtt awer alles mat iech gedeelt. #nofucksgiven
19 - Den Tic Tac Toe Moment
Catherine Nothum, Sarah Raparoli, Lynn Warken Wär dës Episod e Fluch, géif d'Lynn Business fléien, d'Cat géif an der Sécherheetskontroll hänke bleiwen an d'Sarah hätt den éischte Schampes schonn erof. Wär et eng Pressekonferenz, da wär et déi vun Tic Tac Toe, eng vun de legendäersten aus der Pop-Geschicht. Ma et ass déi neisten Episod vu Keck! an där mer awer och nach eemol d'Thema vu Catcalling a sexueller Belästegung vun der leschter Episod opgegraff hunn; eis ass eppes opgefall. Et gëtt all Grond unzestoussen, op äre Feedback, eis Anekdoten an den Ufank vum Enn. Prost!
18 - Nenn d'Kand beim Numm!
Catherine Nothum, Sarah Raparoli, Lynn WarkenBei all Form vu sexueller Belästegung oder Iwwergrëff rufft bei der Police um 113 un oder gitt an den nächste Policebüro. Weider Informatioune fannt dir hei: Sexuell Verstéiss géint Kanner a Jugendlecher:https://police.public.lu/content/dam/police/fr/publications/bro-sexualdelikt-prev-diek.pdf [https://police.public.lu/content/dam/police/fr/publications/bro-sexualdelikt-prev-diek.pdf]
17 - "Wann zwee sténken, freet sech dat Drëtt" (wat lass ass)
Catherine Nothum, Sarah Raparoli, Lynn Warken Den hawaiianesche Wanderpuff hëlt iech mat op eng Rees an d'Vergaangenheet an där fir Pappendag nach Äschebechere gebastelt goufen. Donieft ginn et knax Spuertipps aus dem Camp Rock a mir verroden iech wéi hei zu Lëtzebuerg d'Fishfluenza ausgeléist gouf. xoxo Cat, Sarah a Lynn
16 - "Dat duerno"
Catherine Nothum, Sarah Raparoli, Lynn Warken Déi eng ginn an d'Vakanz fir ofzeschalten, déi aner halen een Tëmpche beim Coiffer. Ma net just d'Hierschtmiddegkeet weist sech um Enn vum Summer, d’Catherine setzt elo op de Fëscherhutt, d’Lynn richt de September an d’Sarah mécht scho mol d’Sëtzheizung un. A Propos Fëscherhutt, wéini gëtt een eigentlech penibel? Villäicht jo schonn an dëser Episod.
15 - Doheem ass d'Toilette am schéinsten
Catherine Nothum, Sarah Raparoli, Lynn Warken Mir kënnen iech eppes verspriechen: An dëser Episod huet et beim Lynn uerdentlech gekraacht an et geet queesch duerch den Zyklus. Vu Campingsaventuren iwwer Ongereimtheete bei "Titanic", bis hin zu richteg penibele Chaosmomenter, deem fäinsten Iessen an enger fetter Téitsch am Aarsch. Mir hunn awer natierlech och déi ganz seriö Themen ugeschwat: Wéini ass een eigentlech am glécklechsten? Grënn genuch un eiser 15. Therapie-Session deelzehuelen
Elige tu suscripción
Más populares
Oferta limitada
Premium
20 horas de audiolibros
Podcasts solo en Podimo
Disfruta los shows de Podimo sin anuncios
Cancela cuando quieras
1 mes por 1 €
Después 4,99 € / mes
Premium Plus
100 horas de audiolibros
Podcasts solo en Podimo
Disfruta los shows de Podimo sin anuncios
Cancela cuando quieras
Disfruta 30 días gratis
Después 9,99 € / mes
1 mes por 1 €. Después 4,99 € / mes. Cancela cuando quieras.