Méi wéi Sex
Op den éischte Bléck klengt et ganz einfach: Wien sech bestuede wëll, muss sech als éischt verloben. Dofir muss een*t een Antrag maachen. Am beschten ee grousse Geste, wou een*t dann um Enn op d'Knéie geet an um Enn vill Tréine fléissen. Muss dat alles sou sinn? A ginn et eigentlech gutt Grënn, sech ze bestueden, ausser manner Steiere bezuelen ze wëllen? Zum Gléck gëtt et eng Persoun am Méi wéi Sex-Team, déi eis aus eegener Erfarung erziele kann, wéi dat bei hir war. De Joël a Kelly schwätzen an dëser Episod iwwert Anträg, déi net ganz esou lafen, wéi een sech dat virgestallt hätt, iwwert Réng an natierlech iwwert ee grousse Kuch. An der Rubrik gi mir vum Kelly gewuer, wisou mir eise Pleséier an enger Bezéiung zentréiere sollten – een Thema, wat grad fir Koppelen, déi sech bestuede wëllen, wichteg ass Shownotes LA Times: 20 years of data on same-sex marriage [https://www.latimes.com/science/story/2024-05-30/what-20-years-of-data-tell-us-about-same-sex-marriage] Ëmfro zu de Grënn wisou Leit sech bestueden [https://www.pewresearch.org/wp-content/uploads/sites/20/2017/06/FT_17.06.23_samesexmarriage_whyMarry.png?resize=310,652] Vice: Why Queer Couples Don’t Marry as Young as Straights [https://www.vice.com/en/article/why-queer-couples-dont-marry-as-young-as-straights/] Vogue: Am I a Bad Queer for Getting Married? [https://www.vogue.com/article/am-i-a-bad-queer-for-getting-married]
216 episodios
Comentarios
0Sé la primera persona en comentar
¡Regístrate ahora y únete a la comunidad de Méi wéi Sex!