Méi wéi Sex

#196: Och bei Eis Leeft et – Queer Perspektiven op d’Menstruatioun

56 min · I går
episode #196: Och bei Eis Leeft et – Queer Perspektiven op d’Menstruatioun cover

Beskrivelse

Menstruatioun ass fir vill Leit oft nach e rengt Fraentheema – an dat ganz bewosst am Zesummenhang mat heterosexueller Reproduktioun. Dobäi mécht dee Framing awer d’Erliefnesser vu queere Fraen, trans an inter Persounen onsiichtbar. De Lëtzebuerg City Museum, Rosa Lëtzebuerg a Méi Wéi Sex hunn den 11. Juni dofir op eng Table ronde mam Titel Och bei eis leeft et – Queer Perspektiven op d’Menstruatioun invitéiert. D’Ekipp vu Méi Wéi Sex a Rosa Lëtzebuerg hunn hir Gäscht mat op eng Rees duerch queer Menstruatiounserfarungen geholl. D’Diskussiounsronn gouf opgeholl an gëtt um Radio ARA an op de Plattforme vu Méi Wéi Sex ausgestraalt. Dësen Event gouf am Kader vun der Ausstellung Et Leeft [https://citymuseum.lu/en/exhibition/et-leeft/]organiséiert. D'Ausstellung ass nach bis de 19. Juli 2026 am Luxembourg City Museum ze gesinn. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer den emotional Floorplan.

Kommentarer

0

Vær den første til å kommentere

Registrer deg nå og bli medlem av Méi wéi Sex sitt community!

Prøv gratis

Prøv gratis i 60 dager

99 kr / Måned etter prøveperioden. · Avslutt når som helst.

  • Eksklusive podkaster
  • 20 timer lydbøker i måneden
  • Gratis podkaster

Alle episoder

218 Episoder

episode #196: Och bei Eis Leeft et – Queer Perspektiven op d’Menstruatioun cover

#196: Och bei Eis Leeft et – Queer Perspektiven op d’Menstruatioun

Menstruatioun ass fir vill Leit oft nach e rengt Fraentheema – an dat ganz bewosst am Zesummenhang mat heterosexueller Reproduktioun. Dobäi mécht dee Framing awer d’Erliefnesser vu queere Fraen, trans an inter Persounen onsiichtbar. De Lëtzebuerg City Museum, Rosa Lëtzebuerg a Méi Wéi Sex hunn den 11. Juni dofir op eng Table ronde mam Titel Och bei eis leeft et – Queer Perspektiven op d’Menstruatioun invitéiert. D’Ekipp vu Méi Wéi Sex a Rosa Lëtzebuerg hunn hir Gäscht mat op eng Rees duerch queer Menstruatiounserfarungen geholl. D’Diskussiounsronn gouf opgeholl an gëtt um Radio ARA an op de Plattforme vu Méi Wéi Sex ausgestraalt. Dësen Event gouf am Kader vun der Ausstellung Et Leeft [https://citymuseum.lu/en/exhibition/et-leeft/]organiséiert. D'Ausstellung ass nach bis de 19. Juli 2026 am Luxembourg City Museum ze gesinn. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer den emotional Floorplan.

I går56 min
episode #194: „Et ass just Sex“ – Wat menge mir domat? cover

#194: „Et ass just Sex“ – Wat menge mir domat?

Et ass ee Saz, deen nawell dacks am Podcast fält: „Et ass just Sex!“ Mä wat menge mir eigentlech genee domadder, wa mir dat soen? D*e Robin an de Joël ginn där Fro op de Grond. Hir Diskussioun fänkt an hirer Jugend un, wou d'Gefill, een*eng „Nachzügler*in“ ze sinn, fir vill Drock gesuergt huet. Et geet weider iwwert Net-Monogamie bis hin zu Feststellung, datt Sex heiansdo eben dach net „net just“, mä éischter méi wéi Sex ass.   An der Rubrik erkläert d'Ella eis, wat d'ILGA Rainbow Map ass a wisou de Ranking vu Lëtzebuerg sech an deene leschte Jore verschlechtert huet. Shownotes ILGA Rainbow Map [https://rainbowmap.ilga-europe.org/] ILGA Bericht iwwert d'Situatioun vun LGBTIQA-Mënschen zu Lëtzebuerg (Annual Review) [https://www.ilga-europe.org/files/uploads/2026/02/Annual-Review-2026-Luxembourg.pdf] Reaktioun vun Rosa Lëtzebuerg [https://www.rosa-letzebuerg.lu/de/blog/pressemitteilung-14/rainbow-index-2026-luxemburg-bleibt-auf-platz-10-27] Zur Transparenz: D'Ella schafft bei Rosa Lëtzebuerg, dat huet awer keen Afloss op den Inhalt vun der Rubrik.

12. juni 202641 min
episode #193: Vu Wäit zu No an Ëmgedréint – Plënneren a Bezéiungen cover

#193: Vu Wäit zu No an Ëmgedréint – Plënneren a Bezéiungen

Bezéiungen a Plënneren si sou eng Saach: wann eng Persoun plënnert, kann dat gäre mol villes op de Kapp stellen. Dobäi kann et sech natierlech ëm zwee Szenarioen handlen: entweder gëtt eng Fernbezéiung zur Nobezéiung, oder eng Nobezéiung zur Fernbezéiung. De Joël huet aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung gemaach, an Robin huet mat senger leschter Plënneraktioun net nëmmen aus senger Nobezéiung eng Fernbezéiung gemaach, mee och aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung. An dëser Episod diskutéieren si, wéi een*t dës Plënnerdécisiounen zesummen oder alleng maache kann, wat dat mat enger Bezéiung maache kann a wéi een*t déi Transitioun eventuell manner schwéier mëcht. An der Rubrik erklärt den Elie, wat Figging ass a wéi een*t dat am beschten ugeet.

29. mai 202646 min
episode #192 Jo zum Jo-Soen – Sech verloben cover

#192 Jo zum Jo-Soen – Sech verloben

Op den éischte Bléck klengt et ganz einfach: Wien sech bestuede wëll, muss sech als éischt verloben. Dofir muss een*t een Antrag maachen. Am beschten ee grousse Geste, wou een*t dann um Enn op d'Knéie geet an um Enn vill Tréine fléissen. Muss dat alles sou sinn? A ginn et eigentlech gutt Grënn, sech ze bestueden, ausser manner Steiere bezuelen ze wëllen? Zum Gléck gëtt et eng Persoun am Méi wéi Sex-Team, déi eis aus eegener Erfarung erziele kann, wéi dat bei hir war. De Joël a Kelly schwätzen an dëser Episod iwwert Anträg, déi net ganz esou lafen, wéi een sech dat virgestallt hätt, iwwert Réng an natierlech iwwert ee grousse Kuch. An der Rubrik gi mir vum Kelly gewuer, wisou mir eise Pleséier an enger Bezéiung zentréiere sollten – een Thema, wat grad fir Koppelen, déi sech bestuede wëllen, wichteg ass Shownotes LA Times: 20 years of data on same-sex marriage [https://www.latimes.com/science/story/2024-05-30/what-20-years-of-data-tell-us-about-same-sex-marriage] Ëmfro zu de Grënn wisou Leit sech bestueden [https://www.pewresearch.org/wp-content/uploads/sites/20/2017/06/FT_17.06.23_samesexmarriage_whyMarry.png?resize=310,652] Vice: Why Queer Couples Don’t Marry as Young as Straights [https://www.vice.com/en/article/why-queer-couples-dont-marry-as-young-as-straights/] Vogue: Am I a Bad Queer for Getting Married? [https://www.vogue.com/article/am-i-a-bad-queer-for-getting-married]

15. mai 202650 min