Méi wéi Sex

#195: Spiers de schonn eppes? – Psychopharmaka a Sex(ualitéit)

51 min · 26. Juni 2026
Episode #195: Spiers de schonn eppes? – Psychopharmaka a Sex(ualitéit) Cover

Beschreibung

Mir hunn a Méi Wéi Sex scho vill iwwer Sexualitéit a verschiddenen Zoustänn geschwat, mee wat ass amfong matt engem Thema wat vill Leit betrëfft, a grad queer Mënschen iwwerduerchméisseg ugeet: Psychopharmaka. Dës Medikamenter, déi fir psychesch Diagnosen verschriwwen ginn, si wäit verbreedt a wierken sech op d'chemesch Balancen an eise Gehirer a Kierperen aus. Mee wéi ass et amfong, fir sou Medikamenter ze huelen, a wéi affektéiert dat d Bezéiung zu Sexualitéit a Kierper? Den Elie, Lynn a Robin ginn an dëser Episod op dës Themen an a verzielen vun hiren Erfahrungen mat hire respektive Medikamenter. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Neuro Kink.

Kommentare

0

Sei die erste Person, die kommentiert

Melde dich jetzt an und werde Teil der Méi wéi Sex-Community!

Loslegen

2 Monate für 1 €

Dann 4,99 € / Monat · Jederzeit kündbar.

  • Podcasts nur bei Podimo
  • 20 Stunden Hörbücher / Monat
  • Alle kostenlosen Podcasts

Alle Folgen

217 Folgen

Episode #194: „Et ass just Sex“ – Wat menge mir domat? Cover

#194: „Et ass just Sex“ – Wat menge mir domat?

Et ass ee Saz, deen nawell dacks am Podcast fält: „Et ass just Sex!“ Mä wat menge mir eigentlech genee domadder, wa mir dat soen? D*e Robin an de Joël ginn där Fro op de Grond. Hir Diskussioun fänkt an hirer Jugend un, wou d'Gefill, een*eng „Nachzügler*in“ ze sinn, fir vill Drock gesuergt huet. Et geet weider iwwert Net-Monogamie bis hin zu Feststellung, datt Sex heiansdo eben dach net „net just“, mä éischter méi wéi Sex ass.   An der Rubrik erkläert d'Ella eis, wat d'ILGA Rainbow Map ass a wisou de Ranking vu Lëtzebuerg sech an deene leschte Jore verschlechtert huet. Shownotes ILGA Rainbow Map [https://rainbowmap.ilga-europe.org/] ILGA Bericht iwwert d'Situatioun vun LGBTIQA-Mënschen zu Lëtzebuerg (Annual Review) [https://www.ilga-europe.org/files/uploads/2026/02/Annual-Review-2026-Luxembourg.pdf] Reaktioun vun Rosa Lëtzebuerg [https://www.rosa-letzebuerg.lu/de/blog/pressemitteilung-14/rainbow-index-2026-luxemburg-bleibt-auf-platz-10-27] Zur Transparenz: D'Ella schafft bei Rosa Lëtzebuerg, dat huet awer keen Afloss op den Inhalt vun der Rubrik.

12. Juni 202641 min
Episode #193: Vu Wäit zu No an Ëmgedréint – Plënneren a Bezéiungen Cover

#193: Vu Wäit zu No an Ëmgedréint – Plënneren a Bezéiungen

Bezéiungen a Plënneren si sou eng Saach: wann eng Persoun plënnert, kann dat gäre mol villes op de Kapp stellen. Dobäi kann et sech natierlech ëm zwee Szenarioen handlen: entweder gëtt eng Fernbezéiung zur Nobezéiung, oder eng Nobezéiung zur Fernbezéiung. De Joël huet aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung gemaach, an Robin huet mat senger leschter Plënneraktioun net nëmmen aus senger Nobezéiung eng Fernbezéiung gemaach, mee och aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung. An dëser Episod diskutéieren si, wéi een*t dës Plënnerdécisiounen zesummen oder alleng maache kann, wat dat mat enger Bezéiung maache kann a wéi een*t déi Transitioun eventuell manner schwéier mëcht. An der Rubrik erklärt den Elie, wat Figging ass a wéi een*t dat am beschten ugeet.

29. Mai 202646 min
Episode #192 Jo zum Jo-Soen – Sech verloben Cover

#192 Jo zum Jo-Soen – Sech verloben

Op den éischte Bléck klengt et ganz einfach: Wien sech bestuede wëll, muss sech als éischt verloben. Dofir muss een*t een Antrag maachen. Am beschten ee grousse Geste, wou een*t dann um Enn op d'Knéie geet an um Enn vill Tréine fléissen. Muss dat alles sou sinn? A ginn et eigentlech gutt Grënn, sech ze bestueden, ausser manner Steiere bezuelen ze wëllen? Zum Gléck gëtt et eng Persoun am Méi wéi Sex-Team, déi eis aus eegener Erfarung erziele kann, wéi dat bei hir war. De Joël a Kelly schwätzen an dëser Episod iwwert Anträg, déi net ganz esou lafen, wéi een sech dat virgestallt hätt, iwwert Réng an natierlech iwwert ee grousse Kuch. An der Rubrik gi mir vum Kelly gewuer, wisou mir eise Pleséier an enger Bezéiung zentréiere sollten – een Thema, wat grad fir Koppelen, déi sech bestuede wëllen, wichteg ass Shownotes LA Times: 20 years of data on same-sex marriage [https://www.latimes.com/science/story/2024-05-30/what-20-years-of-data-tell-us-about-same-sex-marriage] Ëmfro zu de Grënn wisou Leit sech bestueden [https://www.pewresearch.org/wp-content/uploads/sites/20/2017/06/FT_17.06.23_samesexmarriage_whyMarry.png?resize=310,652] Vice: Why Queer Couples Don’t Marry as Young as Straights [https://www.vice.com/en/article/why-queer-couples-dont-marry-as-young-as-straights/] Vogue: Am I a Bad Queer for Getting Married? [https://www.vogue.com/article/am-i-a-bad-queer-for-getting-married]

15. Mai 202650 min
Episode #191: Vu neien Elteren a Neigebuerenen – Gebuerten Cover

#191: Vu neien Elteren a Neigebuerenen – Gebuerten

Gebuerten si mat ville gesellschaftlechen a perséinlechen Erwaardunge verbonnen. Oft bedeiten se eng Mëschung vun dausende vu Gefiller, schéinen an deelweis awer och schlëmme Momenter. Eppes ass sécher: all Gebuert ass anescht an och wat duerno kënnt leeft fir keen Elteren a Beebee(n) Team selwecht. Des Woch schwätzt Ella mat senger Mam Monique iwwer hier villfälteg Gebuertserfarungen. Dobäi komme Birthplans, Gebuertstechniken, lëschteg Anekdoten a nach villes méi op den Dësch. Quellen an interessant Artikelen: Medizinische Informationen zur Peridural Anästhesie in der Geburtshilfe - CHL [https://maternite.chl.lu/sites/default/files/files/brochures/MEDIZINISCHE-INFORMATIONEN-ZUR-PERIDURALANASTHESIE-IN-DER-GEBURTSHILFE.pdf] Quality of maternal and newborn care around the time of childbirth in Luxembourg during the COVID- 19 pandemic - Maryse Arendt, Barbara Tasch, Francesca Conway, Aline Lecomte, Benedetta Covi, Ilaria Mariani, Emanuelle Pessa Valente, Marzia Lazzerini [https://obgyn.onlinelibrary.wiley.com/doi/pdfdirect/10.1002/ijgo.14473] Beyond autonomy: Care ethics for midwifery and the humanization of birth - Elizabeth Newnham, Mavis Kirkham [https://pubmed.ncbi.nlm.nih.gov/30638112/] Obstetric and gynaecological violence in the EU - Silvia Brunello, Magali Gay-Berthomieu, Beth Smiles, Eneidia Bardho, Clémence Schantz, Virginie Rozee [https://www.europarl.europa.eu/RegData/etudes/STUD/2024/761478/IPOL_STU(2024)761478_EN.pdf] Self-determination: an increasingly important aspect of childbirth - Isabell Spilker [https://www.luxtimes.lu/authors/32368102-isabell-spilker/] Hypnobirthing: Schmerzfreie Geburt unter Hypnose? [https://www.helios-gesundheit.de/magazin/news/02/hypnobirthing/]

1. Mai 202639 min